Mir stellen eis vir
"Délégation Centrale" ass eng Ekipp, déi aktuell aus 11 Mataarbechter besteet. Dës 11 Mataarbechter hunn e Mandat vu 5 Joer a gi vun Iech "Mataarbechter" bei den "sozial Walen" gewielt. Duerch Reform vum Delegatiounsgesetz vum 23. Juli 2019, ass "Délégation Centrale" entstan, virdrun hat all Haus seng eege Personalvertrieder.
Dat si Mir!
Christiane MORIS
- OGBL
- Präsidentin
Ech hunn 2005 an der ASBL ugefaang mat schaffen, a war bis 2019 zu Klierf als Sekretärin täteg.
2013 hunn ech zu Klierf meng éischt Erfarungen als Personalvertrieder gesammelt, dës konnt ech bis haut verdéiwen. 2019 sinn ech dunn ob Miersch als Fräigestallten Personalvertrieder komm. Als Member an der Direction Syndicale Santé, sinn ech och an de Verhandlunge vum CCT SAS dobäi.
Elisabeth DUARTE
- OGBL
- Vize Präsidentin
Ech schaffe säit 2002 zu Miersch, hunn an der Botz ugefaang, a mech am laf vun de Joren weidergebilt.
2012 hunn ech meng Ausbildung als Aide-Soignante mat Succès ofgeschloss.
2008 gouf ech déi éischte Kéier als Personalvertrieder gewielt, dëst bis haut. Doduerch dat ech mäi Mandat zu 50 % maachen an nach 50 % aktiv an der Fleeg schaffen, kréien ech vill Problemer mat a kann direkt reagéieren.
Thomas OLLINGER
- OGBL
- Sekretär
Ech schaffen zanter 2011 als Infirmier am HPPA, hunn zu Mamer u gefaangen, dono sinn ech ob Miersch gewiesselt an aus familiäre Grënn hunn ech Mutatioun ob Gréiwemaacher gefrot.
Vir mech ass et mäin 1. Madat als Personalvertrieder, a besetzen de Poste vum "Sekretär" zu 25 % déi aner 50 % sinn ech weider aktiv an der Fleeg (also um Terrain) täteg.
D'Aarbechtskolleegen, déi mech kënne, wëssen dat ech en oppent Ouer hunn, an ëmmer Rou behalen.
Frédéric GAILLARD
- OGBL
- Sekretär adjoint
1996 hunn ech an der ASBL u gefaang mat schaffen, zanter mengem 1ten Schaffdag sinn ech zu Réiden am Service/Restauratioun/Cafeteria ze fannen.
Meng éischt Erfahrung als Personalvertrieder, hunn ech 2001 gemaach, zanter dem hunn ech mäin Wëssen duerch Formatiounen, Versammlungen an vill Situatiounen am Haus vun Joer zu Joer konnten erweideren.
Déi wou mech kënne wëssen dat ech gären nolauschteren, a mech vir meng Aarbechtskolleegen asëtzen.
Duerch déi nei Walen den Mäerz 2024, sinn ech lo zu 25 % Sekretär-Adjoint an den recht vun der Zäit am Haus ze fannen.
Melanie LIMA PAULOS
- OGBL
- Member am Bureau
Ech schaffe säit 2009 als Aide-Soignante am HPPA, meng Karriäre als Aide-Soignante huet zu Mamer ugefaang, aus familiäre Grënn huet et mech 2011 dunn ob Klierf gezunn, wou ech an der Beschäftegung täteg sinn.
Dëst ass mäin 1. Mandat als Personalvertrieder, des Weidere sinn ech Member am "Bureau élargi".
Mäin Ziel ass et mech vir meng Aarbechtskolleegen an ze sëtzen, vir hier Rechter an ze trieden a vir besser Aarbechtskonditiounen ze suergen.
Luis BANDEIRAS
- OGBL
- Membre du Bureau
Ech schaffe säit 2012 als Hausmeeschter am HPPA Miersch.
Säit de Sozialwale vum 12. Mäerz 24, sinn ech dann och an der Delegatioun aktiv ,wou ech och am "Bureau élargi" e Mandat hunn.
Sech fir eis Rechter anzesetzen ass mir wichteg.
Ech wäert mech déi nächst Joer géint Ongerechtegkeete
fir iech asetzen.
Mireille GITZINGER
- OGBL
- Gläichstellungs-beoptrachten
Ech schaffen als Educatrice am HPPA zu Mamer, ugefaangen hunn ech 2013 am HPPA zu Klierf. Ech sinn a mengem 1. Mandat an der Delegatioun an hunn de Poste vum Gläichstellungs-beoptrachten. Mäin Ziel ass et fir eng gutt Aarbechtsatmosphär ze suergen a mech géint eventuell Ongerechtegkeeten op der Aarbecht anzesetzen.
Bernard VOGEL
- OGBL
- Sicherheits- und Gesundheitsdelegierter
Ech schaffe säit 2004 als Infirmier am HPPA zu Mamer. Säit 2005 sinn ech aktiv an der Delegatioun täteg. Aktuell hunn ech de Poste vum "Délégué à la sécurité et de la santé".
Säit 2022 sinn ech och Member am "Conseil supérieur de certaines professions de santé" a probéieren do meng Beruffserfarung mat afléissen ze loossen.
Myriam MENDES
- OGBL
- Delegéiert
Ech schaffen säit geschwënn 18 Joer am Sacré-Coeur als Aide-Soignante. Et ass mäin 3 Mandat als Delegéierten an meng Zieler sinn: Gerechtegkeet an e konstruktiivt an harmonescht Zesummeschaffen.
Markus BERMES
- LCGB
- Delegéierten
Ech schaffe säit 2002 am HPPA als Infirmier. Ech hunn am St. Anton an der Staat ugefaang mat schaffen, a wei dat Haus zou gemaach gouf, sinn ech 2004 am Abrëll op Mamer an den HPPA gaangen. Vun do aus sinn ech 2006 am Januar op Gréiwemaacher gewiesselt. Ech si säit 2006 Personaldelegéierten, a ganz aktiv dobäi, des Weidere sinn ech Member an diverse Gremie vum LCGB.
Tanja ARENZ
- LCGB
- Delegéiert
Ech sinn Aide-Soignante a schaffe säit 2005 an der Fleeg zu Gréiwemaacher. Ech sinn Delegéierten a mengem 3. Mandat a vertrieden den LCGB. Ech si säit 2014 Delegéierten, well ech aner Leit hëllefe well an dat ob dësem Wee gutt ëmsetze kann.